Allgemeng Geschäftsbedéngungen
Allgemeng Geschäftsbedéngungen zum Akaf op der Online-Website WaXx.me
Duerch d'Notzung vun de Servicer vum Internet-Shop WaXx.me gët dovun ausgaangen, dass Dir d'Allgemeng Geschäftsbedéngungen, déi an dësem Dokument opgeféiert sinn, akzeptéiert. Sollt Dir mat den Allgemenge Geschäftsbedéngungen vu WaXx.me net averstane sinn, benotzt dës Website w.e.g net.
Dëst Dokument ëmfaasst d'Allgemeng Geschäftsbedéngungen, ënner deenen La Digue JSC (comp. number: 206833035, address: Bulgaria,Plovdiv, str. Kaliakra 7), follgend WaXx.me genannt, senge Benotzer/-innen iwwer den Online-Shop WaXx.me Servicer zur Verfügung stellt. Déi follgend Allgemeng Geschäftsbedéngungen representéieren en Accord fir den Ofschloss vun engem Kafvertrag tëscht der Persoun, déi dësen Allgemenge Geschäftsbedéngungen zoustëmmt, follgend "Client" genannt, a WaXx.me, an reegelt d'Bestellen a Kafen vu Produiten, déi am Online-Shop WaXx.me ugebuede ginn.
VERTRAGSGÉIGESTAND
Waxx.me gët dem Client d'Méiglechkeet, déi op der Website WaXx.me ugebuede Produiten ze kafen, an de respektive Verkafspräis ze bezuelen, ënner Berücksichtegung, an abolsut conform mat den aktuellen Allgemenge Geschäftsbedéngungen, sou wéi mat den zousätzlech op der respektiver Website vu WaXx.me genannte Viraussetzungen fir déi spezifesch Produiten.
ZOUSAZ ZU DEN ALLGEMENGE GESCHÄFTSBEDÉNGUNGEN
Wärend déi vu WaXx.me ugebuede Produiten am Hibléck op hir Verbesserung an op d'Erweiderung vum Produktkatalog, variéieren a stänneg ergänzt a modifizéiert ginn, och an Zesummenhang mat gesetzlechen Ännerungen, déi sech op d'Bedéngungen vun der Offer auswierken, kënnen dës Allgemeng Geschäftsbedéngungen à discretion duerch WaXx.me geännert ginn.
PRÄISER
De vum Client ze bezuelende Verkafspräis gët bei der Invitatioun zum Kaf vun de Wueren zum Zäitpunkt, wou d'Bestellung gemaach gët, ugewisen.
BEZUELUNGSKONDITIOUNEN
De Präis nom viregen Abschnitt an d'Liwwerkäschten kënne follgendermoosse bezuelt ginn: buer duerch de Client oder eng drëtt Partei am Numm vum Client; buer bei der Zoustellung; Bezuelung iwwer paypal.com; Bezuelung mat der Kaart
ZOUSTELLUNG
D'Wuere ginn dem Client oder enger drëtter Partei, déi d'Wueren am Numm vum Client unhëlt an d'Receptioun confirméiert, iwwerginn. Am Fall, wou de Clien, d'Cliente ënnerhalb vun der Liwwerfrist net ënnert der Adress, déi hien/si uginn huet, ereecht gët, oder am Fall, wou keen Accès a keng Konditioune fir eng Zoustellung vun de Wueren ënnerhalb vun dëser Frist erméiglecht goufen, ass WaXx.me vu senger Obligatioun, déi bestallte Wueren zouzestellen, befreit.
RECHT OP VERWEIGERUNG
De Client/d'Cliente huet d'Recht, déi vun him/hir bestallte Wueren ze verweigeren wann: - d'Wueren net mat der Bestellung vum Client iwwereneestëmmen an dës duerch eng regulär Iwwerpréiwung festgestallt gi kann; - d'Wueren wärend der Expeditioun beschiedegt goufen; - de vum Client ze bezuelende Präis net mam fällege Präis korrespondéiert;